Op den Inhalt sprangen

Hellege Fiakrius

Vu Wikipedia
Hellege Fiakrius
Den Hellege Fiakrius mat engem Spuet an engem Buch - Miniatur aus den Heures de Simon de Varye
Titel
Biographie
Gebuer 607
Irland (Insel)
Gestuerwen 668
Meaux
Graf Kathedral vu Meaux
Nationalitéit Dalriada
Aner Informatiounen
Statut Helleg
Gedenkdag 30. August
Statu vum hellege Fiakrius an der Méchelskierch zu Buerschent.

Den hellege Fiakrius (oder Fiacrius), och nach bekannt als Fiacrius vu Meaux oder Fiacrius vu Brie, gebuer ëm 607 zu Connacht an Irland a gestuerwen ëm 668 zu Meaux war en iresche Klausener deen am 7. Joerhonnert vun Irland aus a Frankräich geseegelt ass fir do als Gäertner an Anachoret ze liewen. Nodeem hien a Frankräich ukomm war, huet hien do d'Klouschter Breuil mat engem Spidol gegrënnt. Doraus huet sech mat der Zäit d'Uertschaft Saint-Fiacre-en-Brie am Departement Seine-et-Marne entwéckelt.

Obwuel hien am siwente Joerhonnert gelieft soll hunn, gëtt säin Numm eréischt 1170 an iresche Martyrologien ernimmt.

Den Numm an aner Sproochen

[änneren | Quelltext änneren]
Däitsch: Fiakrius
Franséisch: Fiacre, Varianten: Fèfre oder Fèvre
Italieenesch: Fiacrio
Latäin:Fiacrus

Den hellege Fiakrius ass de Patréiner vun de Gäertner, den Taxichaufferen an de Koloproktologen.

Fir un de Fiakrius z'erënneren, huet de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg de 4. Juli 1930 decidéiert, zu Weimeschkierch eng Strooss no him ze nennen: d'Rue Saint-Fiacre.

  • Anne Wienert a Volker Wienert: St. Fiakrius – Schutzpatron der Koloproktologen, In: coloproctology Volume 27, Number 4 / August 2005, Urban & Vogel, ISSN 0174-2442
Commons: Hellege Fiakrius – Biller, Videoen oder Audiodateien