Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:Johannes Sleidanus

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

De Sleidanus, deen eng Zäit Sekretär vum Kardinol du Bellay war

Kann ee mer erkläre firwat datt e Protestant, Sekretär vun engem kathoulesche Kardinol soll gewiescht sinn.

Les Meloures 19:01, 7. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]


Remoien,

Wou komme mer drun datt Schleiden zum Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert huet.

Sou wäit ech weess war Schleiden däi Zäit eng eegestänneg Grofschaft, déi spéider zur Grofschaft Manderscheid gehéiert huet, déi selwer Reichsgrafschaft war. Op dëser Kaart aus dem 14. Joerhonnert ass et op jiddwerfall och net am Herzogtum opgezielt. (Den hellen Deel op deem Schleiden agezeechent ass, ass Grofschaft Manderscheid).

Op der historescher Kaart vu 1789 ass Schleiden allerdéngs am Herzogtum Lëtzebuerg agezeechent. Iergendwou gëtt et do awer Differenzen.

Les Meloures 13:54, 8. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]

Ps: Referenze goufen am Artikel Johannes Sturm geliwwert, ginn elo och an dësem Artikel bäigesat.
Les Meloures 17:20, 8. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]


Bonjour. Dat ee Mënsch, deen sech mat de Reformgedanke beschäftegt, am Dengscht vun engem opgeklärten, humanistesche Kardinol ass, stellt jo awer kee Problem duer. De Kinnek François Ier huet sech och fir d'protestantesch Idiën intresséiert..., mä als Realpolitiker huet hien d'Eenheet vu sengem Räich als prioritär betruecht, an dofir huet hien d'Protestante kleng gehal. Spéider, am 18. Jh., gouf ët e ganze Koup héich Geeschtlech, déi an der Freimaurerei woren... A virdrun, am 17. Jh., gouf ët a Frankräich ee Kardinol, de Premierminister Mazarin, deen nët emol zum Priester geweit gi war, an dee vläit souguer mat der Witfra vum Kinnek Louis XIII. bestued war! Flexibel bleiwen, d'Welt an d'Mentalitéiten ennere stänneg, an näischt ass ganz schwaarz oder ganz wäiss! Salut, Chris.

Rebonjour. Am 18. Jh. gët hei an do nach vun der Grofschaft Veiane geschwat (Vianden). Déi ass awer scho laang an d'Mass vun der Grofschaft - spéider Herzogtum - Lëtzebuerg ënnergaang. Mat Schleiden a Manderscheid ass ët nët anescht. Mä musse mer wéint dem Sleidanus an dem Sturmius hiirem Gebuertsuert déi ganz komplex Geschicht vum Feudalwiesen tëscht Maas an Ostäifel/Saar oprullen? Wie wees, dat am 18. Jh. de "President" vum Lëtzebuerger Adel, innerhalb vun den "Etats (= Stände) du Pays Duché de Luxembourg et Comté de Chiny", de marquis du Pont d'Oye, "co-seigneur" vun Esch-Sauer, war? Deem säi klenge "marquisat", bei Habay-la-Neuve, wor och nëmmen ee Bestanddeel vum Herzogtum Lëtzebuerg. Chiny, dogéint, koum bei Lëtzebuerg 10 Joër nodeem d'Grofschaft Lëtzebuerg + d'Grofschaft Durbuy + d'Grofschaft Laroche + d'Markgrofschaft Arel asw. zu enger neier Eenheet oder Entitéit, dem Herzogtum Lëtzebuerg, zesummegeschweesst gi waren. Dofir gët d'Grofschaft Chiny och meeschtens apart genannt, och wann se an der selwechter Hand ewéi d'Herzogtum Lëtzebuerg war. 't ass nët einfach, mä 't gët fir alles eng Léisung. Ciao, Chris


Moien all,

Wier et ze schwéier geweescht fir d'Kand mam Numm ze nennen. an der deemoleger Herrschaft Schleiden.

Zu wem déi gehéiert huet, kéint dann jo an deem Aufsatz breetgetrëppelt ginn. Pierrenilles 10:53, 15. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]